Den Trail vun Nobressart L'Elchertoise de JPP Samschdes 17 Mäerz 2018

D’«Elchertoise de JPP» ass e Parcours vu 50 km,a Parcours vu 25 km an a klénge Parcours vu 14 km wou d’Gesellegkeet an die gutt Laun Virrang hunn.

Et sinn elo schonns e puer Joer dass et sech do gutt leeft an dass jiddereen Pleséier huet sech do erëmzefannen. D’Participatioun ass grouss an international. Ouni Zweiwel ass et déi schéi Landschaft déi iwwert d’Grenzen eraus bekannt ass.

De Parcours ass fir jiddereen zougänglech, ob dat déi experimentéiert Leefer sinn déi vun der Qualitéit vun den Participanten a vun der Vielfältegkeet vun der Streck ugezu sinn oder den Ufänger deen zu Nobressart eng flott Course fënnt wou en och d’Landschaft genéisse kann.

Hei gëtt de Pleséier an d’Gesellegkeet grouss geschriwwen. Aus deene Grënn sinn Wierder wéi „ Podium, Präis, Kado, Sponsor, Geld, Pavestrooss“ net zougelooss.

Jiddereen deen do matmécht fënnt e Circuit dee vun grousse Frënn vum Laafen zesummegestallt ginn ass (d’Frënn vum Jean-Paul Pomes a hir Equipe). En Organisatiounsteam dat weess wat « Naturcourse » heescht.

Den Parcours verbënnt Weeër, Pied, geet biergop a biergof. Dat Ganzt léisst Iech d’Duerf vun Nobressart entdecken, vum Bassin vum Rhäin bis zur Meuse an och ëmgekéiert.

No der Course kënnt eise lokale Béier «L’Elchertoise » zu Éieren. Hien ass en exzellente Begleeder fir d’Ham um Spiiss, déi Iech traditionnel offréiert gëtt fir Iech ze stäerken.

De Parcours an de klénge Parcours sinn d’Wierk vum Jean-Paul, deen eis verlooss huet. Mir wëlle mat dëser Organisatioun säin Undenken an Éieren halen.

Bis geschwënn !

Rendez-vous e Samschdeg den 17. Mäerz 2018 fir den «Elchertoise de JPP» zu Nobressart (B)

  • Aschreiwungen via www.nobressart.eu :4€, 6€ und 8€
  • Aschreiwungen den Dag selwer :6€, 8€ und 10€
  • Et sinn Duschen op der Arrivée

Fir méi Informatiounen, d’Aschreiwungen, d’Klassementer, Vidéoen a Fotoen, kuckt op eisem Internetsite : www.nobressart.eu Kontakter: trail@nobressart.eu